25 Aug: D’Maacher Grondschoul – Primärschoul am Laf vun der Zäit

D’Haaptgebai vun der heiteger Maacher Grondschoul – fréier Primärschoul genannt – läit op der Kop(p)gewan; dat ass de Flouernumm, wuel, well déi Plaz e bësse méi héich louch a fréier nëmme Gewan do war. Gebaut ginn ass d’Schoulgebai vun 1919-1921 (Architekt: Jos. Jentgen, Lëtzebuerg, Entrepreneur: Mathias Guill vu Maacher). 2 Millioune Frang huet dee stolze Bau deemools kascht…