Um Kass-Haff

D’Kanner aus der Klass vun der Joffer Christine an der Joffer Joëlle hunn e flotten Dag um Kass-Haff zu Rolleng erlieft. Nodeems si vill Déieren gefiddert an en Tour mam Trakter gedréit haten, konnten si sech nach an der Spillscheier am Stréi ameséieren.