D’Maacher Grondschoul – Primärschoul am Laf vun der Zäit

D’Haaptgebai vun der heiteger Maacher Grondschoul – fréier Primärschoul genannt – läit op der Kop(p)gewan; dat ass de Flouernumm, wuel, well déi Plaz e bësse méi héich louch a fréier nëmme Gewan do war. Gebaut ginn ass d’Schoulgebai vun 1919-1921 (Architekt: Jos. Jentgen, Lëtzebuerg, Entrepreneur: Mathias Guill vu Maacher). 2 Millioune Frang huet dee stolze Bau deemools kascht.

De 5. November 1922 – et war op engem Sonndeg! – ass déi nei Schoul a Präsenz vu ganz villen „Notabilitéiten“, dorënner deen deemolege „Generaldirekter“ (Schoulminister) Joseph Bech an de Maacher Buergermeeschter Antoine Wagner, feierlech ageweit ginn. Och déi 2 Maacher Museke waren derbäi. An der „Obermoselzeitung“, déi jo zu Maacher erauskoum, ass e puer Deeg méi spéit vun engem „Schulpalast“ – mat hellen, geraimege Säll, Zentralheizung, Bued- an Duschméiglechkeeten an och groussen Häff fir Jongen a Meedercher, (déi zu där Zäit streng getrennt waren!) – geschriwwe ginn.

Et muss een ervirhiewen, datt deemools d’Centenaire-Strooss, déi jo direkt op d’Schoul zouféiert, nach net bestan huet. Si ass eréischt no 1937 gebaut ginn, an hiren Numm erënnert un 100 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg (1839-1939). Awer d’Strooss laanscht d’Schoul, (haut Schoulstrooss), a wuel och d‘„rue des Tanneurs“, (oder wéinstens de „Gierwergruef“ op der Säit vum „Précoce“), hu scho bestan.

De 25. September 1925 ass deen éischte Maacher Wäimaart am Gank vun där neier Schoul ofgehal ginn. Jorzéngtelaang, bis 2002, sinn d’Gäng an d’Säll vum Gebai fir de Wäimaart am Fréijoer benotzt ginn.

Am Zweete Weltkrich war d’Schoul, an där och eng Wunneng fir de Portier war, bannen a baussen uerg beschiedegt ginn. Natierlech ass de Schued, déi méi wéi 100.000 Frang ausgemaach huet, behuewe ginn. Awer un der Fassad vum Gebai waren d’Spure vun den Aschléi nach jorzéngtelaang ze gesinn.

Bis ufanks des 21. Jorhonnerts si wuel eng Parti Ännerungen a Verschéinerungen un an an der Maacher Primärschoul gemaach ginn. Schonn an de 60er Joren, wéi d’Mëttelschoul, (duerno de Lycée Technique Joseph Bech an haut de Maacher Lycée), nieft der Primärschoul gebaut ginn ass, ware Pläng do, fir och d’Primärschoulsgebai ze vergréisseren oder ëmzeänneren – mëttlerweil war och d’Spillschoul am Gebai integréiert. Aus där Vergréisserung ass awer näischt ginn. Hannen am soug. „klengen Haff“ sinn dunn Enn der 60er Jore Pavillone fir 2 weider Spillschoulsklassen opgeriicht ginn.

An den 90er Joren ass laang un engem Konzept gedoktert ginn, fir d’Gebai ze vergréisseren, well Maacher an der Tëschenzäit vill méi grouss gi war an domat och vill méi Kanner an d’Primärschoul koumen. Och aus där Vergréisserung gouf näischt. Mëttlerweil war awer eng nei Spillschoul am klengen Haff gebaut ginn, do, wou virdrun d’Pavillone stoungen. Haut ass de Précoce an deem Gebai. An der Centenaire-Strooss gouf de 6. Mee 2004 de Grondsteen fir eng modern a geraimeg Spillschoul geluecht.

Am Mee 2002 hat de Gemengerot sech fir eng generell Ëmännerung, Moderniséierung a Vergréisserung vun der Primärschoul ausgeschwat. De Maacher Architekt Jean-Marie Kugener gouf mam Projet befaasst, a vun 2003 bis 2009 sinn en neie Sanitärblock, zousätzlech Klassesäll, e Konferenzraum fir d’Léierpersonal, e Bastel-, en Allzweck- an e Musekssall, eng Schoulkichen, an eng flott Schoulbibliothéik geschaf ginn. Och déi komplett Renovéierung vum ale Gebai war am Projet abegraff, deen an 3 Phasen ofgelaf ass, ouni datt de Schoulbetrieb ënnerbrach gouf an dee laut Devis mat 5,4 Milliounen Euro zu Buch geschlo huet.

„Maacher Schoul, Maacher Schoul: Kuckt dat aalt Gebai – lo ass et schéin nei. Laang hu mir drop gewaart, all hunn hiert Best gemat. Héi dir Maacher! Vive eis Schoul!“, hunn 250 begeeschtert Meedercher a Jongen an hir Léierpersounen dënschdes, den 19. Mee 2009 gesongen, wéi déi schéin nei Maacher Primärschoul ageweit ginn ass. D’Lidd mat 18 Strophen, an deenen et och ëm d’Geschicht vun der Schoul geet, war extra fir dës Geleeënheet geschriwwe ginn. An de Buergermeeschter Robert Stahl huet deen Dag vun engem zweete „Schulpalast“ geschwat.

An deene leschten 2 Joer hunn och déi 2 Schoulhäff en neien Teppech kritt a si moderniséiert ginn, esoudatt se elo tip top bei dat schéint Gebai passen. Flott „Spillgezei“, wéi de Buergermeeschter Léon Gloden am Juli 2014 bei der Aweiung vum „klengen Haff“ sot, suergt dofir, datt et Freed mécht, an d’Paus ze goen oder an der Fräizäit op de Spillplaze bei där schéiner Maacher „Primärschoul“ ze spillen.