E Méindeg, de 7. Juli hat de C4.2 vun der Maacher Schoul an Zesummenaarbecht mat der Police erëm en Antidrogendag.
Moies war en theoreteschen Deel vun der Police an der Buvette op Flohr a no engem Pic-Nic war mëttes
ab 13.00 Auer e Rallye duerch Maacher. Do ass iwwerpréift ginn wat d’Schüler vum Virtrag moies verhal hunn an et sinn awer virun allem flott Spiller gemaach ginn déi den Teamgeescht gefërdert hunn.
Am Virfeld war e Molconcours an dat flottst Motiv ass op en T-shirt gedréckt ginn, deen d’Kanner als Erënnerung matkritt hunn. De Leo Fernandes Esteves huet dee flotten Antidrogen -Draach gemoolt.
Bei der Präisiwwerreechung huet all Kand en Diplom kritt.