Ausfluch op De Panne

De Cycle 4.2 aus der Maacher Schoul war frou zum Schluss vum Schouljoer nach en Ausfluch an d’Ausland kënnen ze maachen. Zu De Panne op der Belscher Plage stoung vill Freed um Sand a beim Waasser, mat de Cuistaxen op der Digue an eng Visitt vum SeaLife-Aquarium an dem Stiedchen Blankenberge um Programm.