🎒📚 Geschwë geet et rëm lass! 💡🍎
E Méindeg, de 16. September 2024 ass d’Rentrée 24/25. 🚌📚
Eis Ekipp vu 70 Enseignanten an Educateuren ass prett a freet sech op en neit Schouljoer mat 477 Schüler! 🏫💪
📖✏️ Sidd gespaant op e Joer, gefëllt mat spannenden Erliefnisser, neie Frëndschaften a vill Spaass beim Léieren! 👋 ✨
D’Geschicht vun der Schoul
D’Maacher Schoul an Zuelen
Schulferien & freie Tage
Das Schuljahr beginnt am Donnerstag, den 15. September 2022, und endet am Freitag, den 14. Juli 2023.
- Allerheiligenferien: 29. Oktober 2022 – 6. November 2022
- Nikolaustag: 6. Dezember 2022
- Weihnachtsferien : 24. Dezember 2022 – 8. Januar 2023
- Karnevalsferien: 11. Februar 2023 – 19. Februar 2023
- Osterferien: 1. April 2023 – 16. April 2023
- Gesetzlicher Feiertag: 1. Mai 2023
- Europa-Tag: 9. Mai 2023
- Christi Himmelfahrt: 18. Mai 2023
- Pfingstferien: 27. Mai 2023 – 4. Juni 2023
- National Feiertag: der 23. Juni 2023
Die Sommerferien beginnen am Samstag, den 15. Juli 2023, und enden am Donnerstag, den 14. September 2023.
Eis Charta
• Ee fir deen aneren do sinn
• Opmierksam sinn an net ewech kucken, wann een Hëllef brauch
• Hëllef unhuele kënnen
• Net fäerte mussen, no Hëllef ze froen
• Zesumme Léisunge fannen
Virun der Ëmwelt, de Mënschen an dem Material
• Jiddereen däerf seng Meenung soen
• Näischt futti maachen a kengem eppes ewech huelen
• Jiddereen sou unhuelen, wéi en ass, ouni Viruerteeler
• Sech géigesäiteg schätzen a kengem wéi doen
- Kommunizéieren amplaz ze schloen
- Op all Form vu Gewalt verzichten (kierperlech a séilech)
- Spillen a schaffen, ouni datt een deem anere wéi deet
- D‘Wourecht soen
- Kengem eppes ewech huelen
- Soe kënne wat mir denken a fillen, ouni datt een dobäi verletzt gëtt
- Zu senge Feeler stoen
- Mat senge Frënn Neies léieren
- Sech ënnerhalen an austauschen
- Flott Momenter mateneen deelen
- Zesumme laachen, awer net iwwer ee laachen
- An enger gudder Atmosphär zesumme Flottes erliewen
- Sech fir deen anere mat freeën
- Säi Bescht probéieren an net opginn
- Luef kréien an ausdeelen
- Selwer Initiativen huelen, fir eppes ze bewierken an eppes ze leeschten
- Matschaffen
- Eng positiv Astellung hunn
- Sech mat anere Leit austauschen
- Aner Meenungen respektéieren
- Een dem aneren nolauschteren a jiddereen ausschwätze loossen
- En oppenen Ëmgang mateneen hunn
- Mir halen eis un di allgemeng Regelen op der Strooss
- Op eis an di aner oppassen
- Sech wuel fillen
- Keng Angscht hunn
- Sech enger Gefor bewosst sinn a se aschätze kënnen